Transcriptioun: Video fir d'Europawalen 2024 Ech hunn dat jorelaang déif a mengem Häerz gehalen. Ech denken all Moien drun, mä ech schwätzen ni driwwer. E Message fir mäin Enkelkand. A fir de Rescht vun Europa. GËFF ET WEIDER. Also, Robin, Du weess, datt ech haut net sollt hei sinn. Ech hätt stierwe sollen. De 17. Juni 1940. Den 21. krut ech en Telefonsuruff, datt mir besat géifen. Vun der Arméi. Eppes, wat mir fir onméiglech gehalen haten. Dat war e richtege Schock. Wat haalt Dir vun deem, wat hei zu Prag geschitt ass? Mir hoffen, datt mir eis Fräiheet an Demokratie erëmkréien. Ech hat eelef Joer, wéi de Krich ugefaangen huet an zwielef, wéi d’Zaldote koumen. Si waren iwwerall. Ech si mat menger Uebstschossel d’Trapen erofgaangen, eraus an de Gaart. Meng Mamm gouf ëmbruecht, wéi se op mer louch fir mech ze beschützen. Wees de, wanns du zwielef Joer hues an du gesäis, dass deng Mamm gestuerwen ass, fir dech ze beschützen, dat vergëss de ni. Zu Timișoara goufe jonk Leit virun der Kathedral erschoss. Mäi Papp gouf op Auschwitz geschéckt an do ermort. Meng Mamm huet mech ewechginn. Si wousst, datt se mech villäicht ni méi géif erëmgesinn. Ech hat keng Monnien an Tattaen, ech hunn dat komesch fonnt. Ech hat och keng Grousselteren. Jiddereen hat Grousselteren. Ech hat keen. Et soll een ni d'Demokratie als selbstverständlech ugesinn. Et soll ee se ëmmer ënnerstëtzen a se beschützen. De 17. November, wéi alles ugefaangen huet, gouf et eng grouss Studentendemonstratioun. D’Polizisten hunn d’Demonstranten ugegraff, si hu se zerschloen. Dat war dee Moment, wou d’Revolutioun ugefaangen huet. No der Onofhängegkeet gouf Lettland e fräit Land. D'Leit konnten hir Meenung iwwer d'Demokratie fräi ausdrécken. Wéi d’Berliner Mauer gefall ass, war dat d’Emanzipatioun vu ganz Europa. Léif Suzanne, léif Suss. Ech si frou, datts du sou bass, wéis du bass, an dofir hunn ech dech gär. Du wees, ech sinn an engem Joer gebuer, wou d’Welt a Flame stoung. Sou eppes huet e groussen Afloss op engem säi Liewen. Ee Gléck bass du an enger Zäit vu Fridden a Wuelstand gebuer. Vergiess ni, dat et d'Fräiheet an d'Demokratie net ëmmer gouf an dass mer se ganz schnell verléiere kënnen. Et muss een dofir kämpfen, et muss een ëmmer opmierksam sinn a fir se kämpfen. Wann ech der ee Message kéint matginn, ier ech ginn: Lief d’Demokratie! Lauschtert een deem aneren no! Bekëmmert Iech ëm d'Demokratie wann ech net méi hei sinn! Et läit u mir. Et läit un eis an eiser Generatioun. An Europa. Notz Deng Stëmm oder déi aner bestëmme fir dech. Europawalen 9. Juni 2024 D'Europäescht Parlament seet jiddwerengem, deen an dësem Documentaire participéiert huet, merci, datt si hire Message weiderginn.